TOUCHER BIENVEILLANT / Initiatioun an d'Babaymassage

 Fir déi éischt Wochen

 

Wann een d' Entwécklung vun den Sënner kuckt, dann ass den Toucher, d' Fillen, den éischden, den fonctionnéiert, ganz frei, em déi 7. Schwangerschaftswoch.

Vun dem Moment un spiert Äert Kand alles, wat et beréiert an et spiert och, wann et beréiert gëtt.

Genau esou entwéckelt sech "in utero" déi éischt Kommunikatioun mat Ärem Kand. Äre Baby wibbelt an Dier leet instinktiv Är Hand ob de Bauch. Oder Dier, oder och Ären Mann leet d' Hand ob Ären Bauch an als Reaktioun dorop wibbelt Äre Baby. Geschitt dëst ganz oft a ganz reegelméisseg, léiert Äert Kand dat an weess esou, wéi et den Kontakt sichen geet an mat Iech kommunizéiere kann.

An voilà, d'Basis fir d'Relatioun teschend Iech an Ärem Kand, d'Bindung ass amgaangen, sech ze entweckelen. Et ass dat Band wat iech liewenslang uneneen bend, ob eng ganz speziel an intensiv Art an Weis.

Beréieren ass en mënschlechen Besoin, Konditioun fir dat de Kierper an d'Séil vun engem Mënsch sech entwéckelen kennen.

"Et ass d'Sproch vun der Léift, ee vitalen Besoin, esou wichteg wei d'Nahrung selwer!"

 F. Leboyer

 

No der Gebuert bleift d'Beréieren genau esou wichteg wéi wärend der Schwangerschaft!

Duerch d'beréieren, d'halen an d'weien vun Ärem Baby kennt Dier him hëllefen, sech méei secher an protegéiert an deser neier Welt ze fillen. Dest ass d'Conditioun fir kapabel ze sin, säin URVERTRAUEN obzebauen. (cf babybalance)

Wann Dier d'Massage regelméisseg macht, dann kann Äert Kand an och Dier iech ëmmer besser entspanen.Dier werd gesinn, enng Massage ze kréien awer och se ze gin, ass béides ganz entaspanend, wann dier bis drun gewinnt sidd.

Dat och d'Massage seng méi oder och mol manner staark Momenter huet, erkläert sech vun selwer.

Dier verstitt also dat d'Relachéieren duerch d'Massage net vum éischden Moment un fonktionnéiert.Et brauch Zäit bis die total Entspanung méiglech ass.

Mee dann kann awer d'Babymassage entspanend sinn fir d'Kand,wéi och fir d'Mamm oder den Papp.

Dofir ass et wichdeg, sech Zäit zesummen ze huelen fir e ganz schéinen Moment ze deelen! Dobäi léiert Äert Kand, wéi et sech entspanen kann an d'Elteren kennen mat him entspanen.

Direkt no der Gebuert kann ee säin Kand schonns ganz douce masséieren. Dëst ass da ganz vill e Sträichen, Heemelen an Halen, heiansdo awer och eng richdeg Massage.

Ëmmer dann, wann Dier dest an enger roueger, harmonescher Art an Weis an mat Léift maacht, an dobäi ganz bei Ärem Kand sidd, kennt Dier näischt falsch maachen.

Babymassage ass eng gutt Geleeënheet fir den Papp, fir d'Relatioun an d'Bindung zu sengem Kand ze stäerken. Oft kennt hien eréischt owes heem an kann net souvill Zäit mat sengem Baby verbrengen. Sengem Kand eng Massage ze machen kann awer d'Qualitéit vun der Zäit, déi hien mat sengem Kand verbrengt, enorm verbesseren.

Andeems hien d'Massage ganz regelméisseg mëscht, gëtt dest e ganz wichtegen, intensiven an wonnerbaren Moment fir säin Kand an hien. Den Baby waart dann owes richteg drop, datt säin Papp heem kennt an mat him Zäit verbrengt. 

D'Ritual vun der Massage léiert Äert Kand, wéi hien sech entspane kann fir sech ob d'Nuescht ze preparéieren. Domat kann hien besser aschloofen an kennt och an en méi déiwen Schlof.

 

Prakteschen Oflaf vun den Couren

Esch erklären Iech bei dësem Cour, wei Dier Iech an de Raum, wou Dier masséiert am beschten virbereet.

Wéini soll een d' Massage maachen?

Wéini sinn déi beschten Konditiounen? Wéi lang, wéi oft, wéi vill?

Wat fir een Ueleg soll en huelen?

Wärend Dier Äre Baby masséiert, man ech niewendrun un enger Popp och eng Massage.

Dier maacht d' Massage, sou wéi Dier et spiert an ech gidéieren Iech just e bësschen dobäi. Ech weisen Iech, wat si gär hunn an wat bei der Massage vun Neigebuerenen wichteg ass.

Dier loosst Iech einfach leeden duerch d'Léift, déi Dier fir Äert Kand spiert.

Donieft kann ech Iech och weisen, wat Dier bäi Bauchwéi bäi Ärem Baby mache kennt.

Esch weisen Iech och e bësschen Reflexzonenmassage bei Kolliken, Onrou, Aschlofschwieregkeeten an  Zännweih (fir méi spéit ).

Mee dat wichtegst bleift ëmmer den intensiven Moment, déi fest Bindung déi Dier dann spiert an d'Bezeiung zu Ärem Kand, déi doduerch nach méi staark gëtt an liewenslang bestoen bleift.

 

 

 

 

 

BABYMASSAGE AN YOGA-GYMNASTIK

 

Couren fir en Baby ab 3 Méint

 

Et ass eng Ayurvedesch Ganzkierpermassag, intensiv,stimuléierend fir d' Entwécklung an zugläich entspanend.

Genau wéi bei der Basis vun der Babymassage, bleift och hei ëmmer dat Wichtegst den schéinen an intensiven Moment, deen Dier mat Ärem Kand verbrengt.

Elo ass Ären Baby awer och schonns méi fit an huet sech méi un seng nei Ëmwelt gewinnt an adaptéiert.

D' Ziel ass elo och, hien ze stimuléieren an senger Entwécklung, senger motorescher genau wei an senger geeschteger Entwecklung.

Bedenkt datt Äert Kand wärend deenen eischete Méint ganz vill läit an dëst oft an der selwechter Positioun.

Et ass nach ganz schwéier fir hien, säi Kierper ze bewegen.

Versetzt Iech an säi Kierper an stellt Iech vir, wei gutt Iech d' Massage an dem Moment géing doen.

Dofir ass di Ayurvedesch Ganzkierpermassage an den Yoga duerno genau dat richtegt.

 

 D' Beneficer vun der Massage

 

Et hëlleft him, säi Kierper besser kennenzeléieren an seou gëtt seng Motorik gefuerdert. Hien leéert säin Kierper am Raum besser ze erfaassen.Säin Gläichgewiicht am Kierper verbessert sech. Et gëtt him e bessert Kierperbewosstsein. Seng Sënner ginn geschärft.

D' Entwécklung vun den Synapsen ( Verknëppung teschend de Nervenzellen), déi sech jo haaptsächlech am eischden Joer entweckelen,  gëtt am meeschten duerch Beréierung stimuléiert. D' Verbannen vun deenen zwou Gehierhallschenden gëtt domatter zu engem groussen Deel beaflosst.

Donieft stimuléiert d' Massage Duerchbluddung, de Lymphsystem an d' Verdauung.  D' Massage vum Broschtkuerf befreit Verspanungen, sou dat Äert Kand besser ootme kann.

Et befreit am grousse ganzen vill Verspanungen am ganzen Kierper, favoriséiert esou de Schlof an leiert Ären Baby schonns ganz fréi, wat Momenter vun Entspanung an Rou heeschen. Dëst ass net ze ënnerschätzen an eiser hekdecher Welt vun haut.

Dat allerschéinst an allerwichdegst awer ass den intensiven, onvergläichleche Kontakt, den Dir während der Massage mat Ärem Kand lieft.Et entsteet eng Verbannung an dem Moment, den d' Relatioun zu Äerem Kand an och säin URVERTRAUEN stärkt.

 

Esch proposéieren gären, dat Pappen d'Massage man, well et fir si jo oft e bëssi méi schwéier ass, hier Platz nieft der Mamm ze fannen. (cf Toucher bienveillant)

 

D'Beneficer vum Yoga

 

Dëst sinn ganz vill Dehnungs- an Bewegungsübungen.

Wichteg ass et de Kierper ze dehnen, well Ärt Kand , wéi gesot, jo ganz vill an der nämlechter Positioun ass an sech net vill selwer mobiliséierern kann.

Mat desen Übungen get hien preparéiert fir seng weider Entwecklunfir hien ob ze man fir di weider Entwécklung.

Iwerkreizübungen förderen Connectioun vun deenen zwou Gehierhallschenden. Dëst ass d'Basis fir d' Feinmotorik an alles wat Koordinatioun verlaangt an en och doduerch verschidde Saachen zu gläicher Zäit oder an der richteger Reiefolleg maache léist. D' Basis vu Liesen, Schreiwen, Rechnen an etc..

 

Prakteschen Oflaf vun den Massage an Yoga Couren

Nodems ech d'Basis erklärt hun, léiert Dir schrëttweis d'Technik vun der Massage kennen. Dobäi weisen ech Iech un enger Popp, wei dëst genau geet an Dier masséiert Äert Kand. An all Cour widderhuele mir alles, wat bis dohi gesinn gin ass. Meeschdens gin dofir 3 Couren duer, woubäi mir eis awer emmer un iech zwee upassen.

Duerno léiert Dier d'Yogaübungen. natierlech ëmmer eréischt no der Massage, wann den Kierper schéin warm ass an ären Baby an Dier och bessi méi entspaant sidd.

Well déi bëssi méi komplizéiert an schwéier ze verhalen sinn, widderhuele mir eventuel nach emol die ganz Bëbeesmassage an all Yogaübungen an engem ofschléissenden Cour.

Ziel ass, d'Massage an den Yoga sou oft ze widderhuelen, dat et praktesch automatesch geet an Dier kennt vergiessen, wat Dier musst maachen.

Dier kennt Technik esou goud, dat dir se erem vergiessen kennt an et einfach fléissen loosst.

Sou kennt Dire ganz bäi Ärem Kand sinn an den Moment genéissen, him ganz no sin mat Ärem Häerz an esou vun dësem mageschen Moment profitéieren.