SCHWANGERSCHAFT

 

Entretien prénatal précoce no der Methodologie "Urkind"

(rembourséiert vun der CNS)

Mat wéivill Energie start Dier Är Schwangerschaft?

Wouran fléisstt Är Energie an wéi an ob wat verdeelt Dier se.

Wéivill bleiwt do rescht fier Iech, Är Schwangerschaft, d'Gebuert an Ären Baby?

Wou sinn "d'Energieräiber"?

Wou leien Är Ressourcen, wou fannt Dier Ennerstetzung, wat hëlleft Iech an wat deet Iech gutt?

Dat alles fannen mir relativ schnell an duerch eng einfach, bildlech Method eraus. Sou kennt Dier dann Är Energie an déi richdeg Bunnen lenken. Dest ass positiv an ennerstetzend fier Iech an och Äert Kand an sou kënnt dier allen zwee des schéin Zäit genéissen.

 

Schwangerschafts Consultatioun 

(rembourséiert vun der CNS)

Eng Schwangerschaft ass ëmmer eng grouss Verännerung, net nëmme kierperlech, mee och emotional.

Et ass eng eenzegaarteg Zäit, voll vun Emotiounen an Verännerungen, kierperlecher wéi emotionaler.

Et muss ee mat klenge Schwangerschaftsbeschwerden ëmgoen, seng Ernierung upassen, genau esou wéi de Sport adaptéieren oder och soss all Bewegungen, déi een am Alldag esou mëscht.

Et ass een méi schnell ausser Otem an et huet ee méi schnell Häerzklappen.

Et huet een net dat nämmlecht Gläichgewiicht an och d'Gréisst vun sengem Bauch realiséiert en net ëmmer.

Kuerz gesot, et muss een an de Ralenti kommen, ob een elo wëll oder net!

An och emotional geet oft alles duercherneen an et stellt een sech vill Froen iwwert d' Liewe mat engem Kand.

Wéi wäert d'Liewen an der Koppel sech veränneren?

Mir schwätzen doriwwer, wéi et Iech geet an der Schwangerschaft, kucken zesumme wou Äer perséinlech Froen a Besoine sinn.

Dobäi hëllefen ech Iech, Ännerungen, kierperlech an emotional, besser ze verstoen an ze akzeptéieren.

Hei ginn ech Iech kleng Tipps an Tricks, déi Iech hëllefe kënnen.

Falls et néideg ass, kann ech Iech och u weider Professioneller leeden.

 

Op wat muss Dir oppassen an der Schwangerschaft?

Wéini muss Dir " en Urgence " an d' Maternité kommen?

Ernährung, Sport, Hobbyen a Vakanz

 

BABY: Liewen am Bauch vun senger Mam

(als prenatalen Cour rembourséiert vun der CNS)

Während dëser Seance erklären ech Iech d' Entwécklung vun ärem Baby am Bauch. Den Dokter erkläert Iech déi kierperlech Entwécklung, d'Entwécklung vun den Orangen, säin Wuesstem,  etc...

Esch versichen Iech dat alldeeglech Liewen vun ärem Kand während der Schwangerschaft méi no ze bréngen. An do geet et hps. em Entwécklung vun den Sënner.

Wéini kann en Baby "in utero", d.h. am Bauch eppes fillen? Wéini an weivill héieren, gesinn, richen..

--> wat erlieft den Baby di 9 Méint vun der Schwangerschaft

    =säin Raum, säin Spieren, säin Erliewen

--> wat ännert sech fir hien, wann hien ob d' Welt kennt

Wann en  dëst versteet, ass et vill mäi einfach no der Gebuert erausfannen ze kennen, wat him hëllefen kann, déi Ëmstellung  besser ze verschaffen, sech besser ze orientéieren an ze adaptéieren.